Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
30 July 2026
Fir den 20. Gebuertsdag ass de Mudam “on tour”
Wat leeft? Do dréit der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hir Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hir Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Theema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung, dëst am Kontext vu sengem 20. Gebuertsdag. Zwielef...
30 July 2026
Wann Jazz op Sonnett trëfft
A sengem neie Gedichtband "Sonné d'Amérique" (Lisière éditions) verpaakt de Florent Toniello seng Nordamerika-Andréck a Form vu klassesche Sonetten. De Michel Delage huet d'Buch gelies.
29 July 2026
Mat der Polaroidkamera KENG banal Souvenirbiller schéissen
De visuelle Kënschtler a Grafiker Paul Kirps ass Iech eventuell duerch seng “Konscht-um-Bau”-Aarbechten e Begrëff: seng monumental abstrakt Wierker sinn zum Beispill an der Europaschoul zu Mamer oder dem Lycée Edward Steichen zu Klierf, respektiv op der Fassad vum provisoresche Jean-Monnet-T-Gebai vun der EU-Kommissioun um Kierchbierg ze gesinn. Mee hie kann och ganz anescht an a ganz aneren...
29 July 2026
Zu Bouneweg huet d'Musek keng Summerpaus!
D’Congés annulés sinn de leschte Weekend ugaange mat enger Ouverturessoirée mat vill Punch: GANS, déi englesch Band, déi den Eurosonic am Wanter a Stëmmung versat hat, stoung dem däitschen Elektromusker Chris Imler géigeniwwer, ënnerstëtzt vun de Lëtzebuerger Sheebaaba. Iwwer deen zweete Concert, deen e Sonndeg war a wou Faraquet a Mutiny on the Bounty op der Affiche stoungen, erzielt eis de Marc...
28 July 2026
Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut
Et gi Romaner, déi d‘Welt an enger grousser Geschicht erzielen, hei ass e klenge Roman, eng duuss Geschicht, wou ganz vill drasteet. Et geet ëm dem Michael Köhlmeier säi Wierk: “Das Mädchen mit dem Fingerhut” – e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch koum am Hanser-Verlag eraus.
28 July 2026
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
27 July 2026
Film vun der Woch: "Omaha"
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic iwwer dësen amerikaneschen Independant-Drama, deen déi grouss Problemer vu klenge Leit thematiséiert.
27 July 2026
Éischt grouss Retrospektiv iwwer déi Lëtzebuerger Molerin Berthe Brincour
Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschent 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der...
24 July 2026
D'Néckel Scholtus mat 41 weidere Kënschtler bei "Les (Dé)généré(e)s"
Mir haten iech dëser Deeg mat bei d‘Néckel Scholtus an hir Kënschtlerinne-Residenz zu Arles geholl. De Beitrag iwwert der Fotokënschtlerin hir Zäit am Kontext vun de Rencontres d‘Arles fannt dir op eisem Site 100komma7.lu. Begleet gouf si vun zwee Mentoren; een dovunner war de Fotograf a Curateur Nicolas Havette. An dee presentéiert nach bis de Sonnden inclus d‘Gruppenexpo „Les (Dé)généré(e)s“ an...
24 July 2026
Keng EU-Gelder méi fir d'Konschtbiennale zu Venedeg
D’Konschtbiennale vu Venedeg ass zanter Enn Mee amgaangen, mat der Lëtzebuerger Contributioun dës Kéier vun der Aline Bouvy, déi do hir Kuerzfilminstallatioun “La Merde” weist. Un deene ville Kontroversen, déi dës Editioun vun der Biennale geplot gouf, ass de Lëtzebuerger Pavillon net bedeelegt, a rezent koum nach eng dobäi, oder eng Konsequenz dovunner. De Marc Clement aus der Kulturredaktioun...